Appel - Bréien vun Jippelcher als Schoulprojet

Gepostet am: 6 Avril 2017

An ville Schoulen duecht d’Land huet d’Schoulpersonal (mir huele bewosst net den Titel Pädagogen) virun der Vakanz déi richteg beknackten Iddi de Kanner d’Wonner vun der Gebuert ze demonstréieren. An Brutautomaten ginn verschidden Zorte vun Gefligel – meeschtens Hénger oder Wachtelen – schlüpfe gelooss, fir de Kannerpleséier vun e puer Minutten.

Duerno fänkt den Emmerdement fir d’Personal an de Calvaire fir Déieren un.

Mir kréien oft d’Noriicht dass dës Déieren duerch Iwwerziichtung oder falsch Ausbrütung mat kierperlech an organesch Verkrëppelungen op d’Welt kommen. Virun der Ouschtervakanz soll da nach schnell gekuckt ginn wéi een dës Déieren lass gëtt.
Wéi op der Kiermes ginn déi - als éischt scheinbar gesondst Déieren - verdeelt. Ouni fachlech Kenntnis an déi néideg Strukturen ginn Déieren bis an hiert erbäermlecht Liewensenn am Käfeg gehaal. Beschtefalls hëllt sech d’Hauskaz dem Misär un, sou dass de Martyrium méi e schnellt Enn huet.

!!! En Appell un d’Gemengen, Schoulministère a Schoulpädagogen mat Anstand a Verstand!
Halt endlech op fir Schoulzwecker Déieren ze ziichten déi alles anescht als d’Wonner vum Liewen weise sollen. Dir schaaft just Misär a Leed !!!
Ministère de l'Éducation nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse !!! Déierquälerei - och wann se nët als solches geduecht ass - soll nët zum Schoulprogramm gehéieren. Reagéiert w.e.g géint dëss Mëssstänn.